Se rendre au contenu
Retour aux offres

Psychotherapeut (M/W/D)
„Psy-Jeunes“ - Lëtzebuerg - CDI - 30Std. (6723)

Référence 6723
Organisation Croix-Rouge Luxembourgeoise
Type de contrat CDI
Heures/semaine 30h
Fonction Psychologue
Date de publication 2026-07-21
Description du poste

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht


Psychotherapeuten (M/W/D) – Referenz: 6723

fir sain Service „Psy-Jeunes“ – psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Puppelcher, Klengkanner, Kanner, Jugendlecher an jonk Erwuessener vun 0 bis 27 Joer - am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI).

De Service huet zwou oppenen Plazen, vun deene mindestens eng op d'Aarbecht mat jonke Kanner (am Alter vu 4–12 Joer) spezialiséiert ass.

Gewënschten Ufanksdatum: eng am September 2026 an eng am Januar 2027. 


Missioun:

  • Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher an jonk Erwuessener mat hiren Bezuchspersounen bei ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung


Profil:

  • Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
  • Formatioun am Beraich Trauma an Bindung ass vun Virdeel
  • Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat klengen an groussen Kanner
  • Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
  • Liichtegkeet am Kontakt mat Leit
  • Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstsen



Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5.