Se rendre au contenu
Halloween Horror House by Hariko

Culture

Loisirs

Social (Relationnel / Accompagnement)

Objectif de la mission :
Mir sinn op der Sich no 1-2 Benevolen, déi bei der Gestaltung vum Horror House mathëllefen.
Lieu de bénévolat :
Ettelbruck
Date(s) de la mission :
01/09/2026 au 31/10/2026 (Mission ponctuelle)
Disponibilité souhaitée :
Selon les besoins
Langue(s) :
Luxembourgeois
Bénéficiaire(s) :
Adolescents (12 – 18 ans)
Accessible PMR :
Non
Présentation de la mission :

Hariko

Den Hariko ass eng Plaz fir Jonker tëscht 12 a 26 Joer, wou sie sech kreativ ausliewe kënnen.

Hei hu sie d'Méiglechkeet ë creative space fräi ze notzen oder u Workshops vu Kënschtler.innen aus diverse Konschtberäicher deelzehulen. 

Datum vun der Missioun

Vu September bis Enn Oktober, 2-5 Deeg an der Woch, d'Auerzäiten an d'Deeg si flexibel

Missioun

Mir sinn op der Sich no 1-2 Benevolen, déi bei der Gestaltung vum Horror House mathëllefen.

An dësem Projet geet et drëms, den Hariko an seng Jonker bei der Organisatioun an der Ëmsetzung vum engem Horror House ze ënnerstëtzen.

Vun Ufank September bis Enn Oktober transforméiere mir den Hariko Ettelbréck Stéck fir Stéck an een thematescht a kreatiivt Horror House. Enn Oktober wäert d’Horror House fir de Public opgoen. 

Aufgaben

  • Zesumme mat der Ekipp vum Hariko an hire jonke Memberen een Horror House gestalten
  • Dekoratiounen a Kulisse bauen
  • Jonker motivéieren sech an de Projet ze integréieren
  • Eegen Iddien an originell Elementer entwéckelen, fir de Visiteuren eng onvergiesslech Halloween-Erfarung ze bidden
  • Eng Hand mat upaken a verschidde Responsabilitéite wärend dem Event iwwerhuelen.

Gesichte Profil

  • Du bass tëscht 15 a 26 Joer al ?
  • Du hues Freed drun, Dekoratiounen a Kulissen am Thema Halloween ze bauen ?
  • Du bass sozial, oppen a kanns einfach mat Jonken ëmgoen ?
  • Du schaffs gären am Team, kanns awer och selbststänneg Aufgaben iwwerhuelen ?
  • Du bréngs Engagement, Initiativen a gutt Laun mat ?

Da bass du genau déi Persoun déi mir sichen! Zesumme maache mir aus engem einfache Raum eng Plaz, déi kee sou séier vergësst!