Zum Inhalt springen
D'Jugendroutkräiz sicht en(g) Bénévole fir den Inventaire an d'Préparatioun vum Material fir seng Vakanzenkolonien

Bildung / Ausbildung

Freizeit

Social (Relationnel / Accompagnement)

Missionsziel:

Mir sichen eng motivéiert Persoun, déi eis bei der Gestioun vun eisem Stock hëlleft.

Hues du Loscht, d'Jugendroutkraiz am Hannergrond z'ënnerstëtzen an dozou bäizedroen, datt eist Material ëmmer gutt organiséiert an disponibel ass?



Freiwilligenort:
Bertrange
Missionsdatum/-daten:
18.08.2026 bis 17.08.2027 (Einmalige Mission)
Gewünschte Verfügbarkeit:
Je nach Bedarf
Sprache(n) :
Luxembourgeois, Allemand, Anglais, Français
Begünstigte(r) :
Jugendliche (12–18 Jahre), Junge Erwachsene (18–30 Jahre)
PRM-zugänglich:
Nein
Missionspräsentation:

Iwwer d'Jugendroutkräiz

D'Jugendroutkräiz ass eng Plattform fir Jonker tëscht 15 an 30 Joer, déi sech fräiwelleg fir eng solidaresch Gesellschaft engagéieren.
Duerch verschidde Projeten, Aktivitéiten a Missiounen entwéckelen d'Jonker hir Kompetenzen, léieren aner engagéiert Leit kennen a droen op eng konkret Aart a Weis zum Wuelbefanne vun hirer Gemeinschaft bäi.

🍀 Beim Jugendroutkäiz kann all Jonken duerch säin Engagement en Ënnerscheed maachen an nei wäertvoll Erfarunge sammelen.

Datum:

E puer Stonnen pro Mount, flexibel no Disponibilitéit

Deng Aufgaben:

  • Inventaire vum Material féieren an aktualiséieren
  • Material sortéieren, klasséieren a stockéieren
  • Entréen a Sortië vum Material dokumentéieren
  • Matwierken un enger strukturéierter Lagerorganisatioun
  • Bedierfnesser a feelend Material identifizéieren

Wat mir ubidden:

  • Eng flexibel Benevolatsmissioun no Disponibilitéit
  • Eng flott a wäertschätzend Equipe
  • D'Méiglechkeet, hannert de Kulissen e wichtege Bäitrag ze leeschten
  • Sënnvoll Engagement am Déngscht vu Kanner a Jonken

Profill:

  • Du bass organiséiert a gewëssenhaft
  • Du schaffs gär selbststänneg
  • Erfarung am Beräich Stockage oder Logistik ass e Plus, awer net néideg
Interesséiert? Da freeë mir eis, dech kennen ze léieren!
Duerch däin Engagement hëllefs du mat, datt eis Aktivitéiten fir Kanner a Jonker optimal virbereet a realiséiert kënne ginn.