Zum Inhalt springen
Recherche bénévole pour animer une table de conversation en luxembourgeois

Interessengebiete

Missionsziel:
Deelt Är Sprooch, stäerkt d'Vertraue vun aneren.
Freiwilligenort:
Luxembourg
Missionsdatum/-daten:
19.11.2026 bis 18.11.2027 (Regelmäßige Mission)
Gewünschte Verfügbarkeit:
Wochentags tagsüber
Sprache(n) :
Luxembourgeois, Français
Begünstigte(r) :
Erwachsene
PRM-zugänglich:
Nein
Missionspräsentation:

Schwätzt Dir gär Lëtzebuergesch a sidd Dir frou, Är Sprooch mat aneren ze deelen? Dann ass dëst Engagement vläicht genee dat Richtegt fir Iech!

De Service Santé et Sécurité au Travail sicht eng Persoun, déi eng Lëtzebuergesch-Konversatiounsronn an enger entspaanter a frëndlecher Atmosphär animéiere wëllt.

Är Missioun

  • Informell Gespréicher op Lëtzebuergesch moderéieren.
  • D'Participanten encouragéieren, sech auszedrécken an d'Sprooch ze praktizéieren.
  • Eng oppen a positiv Atmosphär schafen, an där jiddereen sech wuel fillt.
  • Einfach a flott Gespréichstheeme fir den Alldag proposéieren.

Äre Profil

  • Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch.
  • Dir hutt Freed um Austausch mat anere Leit.
  • Dir sidd oppen, gedëlleg a motivéiert, aner Persounen z'ënnerstëtzen.
  • Keng pedagogesch Erfarung néideg.

Firwat matmaachen?

Mat Ärem Engagement hëlleft Dir anere Persounen, méi Sécherheet beim Schwätze vu Lëtzebuergesch ze gewannen, nei Kontakter ze knäppen an d'Freed un der Sprooch ze entdecken.

Interesséiert? Mir freeën eis op Är Meldung!