Zum Inhalt springen
Zurück zu den Angeboten

Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D)
Families First - Bartreng - CDI - 40h (6626)

Referenz 6626
Organisation Croix-Rouge Luxembourgeoise
Vertragsart CDI
Stunden/Woche 40h
Funktion Psychosoziale:r Berater:in
Veröffentlichungsdatum 2026-06-12
Stellenbeschreibung

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht eng


Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D) – Referenz: 6621

fir säi Service Families First zu Bartreng, mat engem onbefriste Kontrakt (CDI) vu 40 Stonnen pro Woch.

Den Ufank vum Kontrakt ass ab September 2026 virgesinn.


Aufgabebereich:

  • Mat Familljen (bei hinnen doheem) schaffen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen.
  • De Famillje mat enger wäertschätzender, partizipativer a lösungsorientéierter Haltung begéinen an zesumme mat hinnen den Alldag organiséieren.
  • Verschidde Methoden kombinéiere fir Krisen a Konflikter op eng konstruktiv Aart a Weis unzegoen.
  • D'Elterekompetenze stäerken duerch Berodung, Uleedungen a praktesch Ënnerstëtzung.
  • D'Elterekompetenzen an d'Wuelbefanne vun de Kanner evaluéieren.
  • Rapporte verfassen.


Gesichte Profil:

  • Diplom um Niveau Bac+3 an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften (Sozialaarbechter, graduéierten Erzéier oder ähnlech).
  • Zousätzlech Formatioun an der Kriseninterventioun, systemescher Aarbecht oder Familljetherapie ass erwënscht, mat Kenntnisser vun de verschiddenen Usätz.
  • Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun.
  • Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten, Oppenheet, Diplomatie an d'Fäegkeet, verschidde Standpunkter mateneen a Aklang ze bréngen.
  • Ganz gutt Kenntnisser am Franséischen, Lëtzebuergeschen an Däitschen; all zousätzlech Sprooch ass e Virdeel.
  • Gutt Fäegkeete beim Verfaasse vun analytesche Rapporten an Situatiounsevaluatiounen.
  • Sécherheet beim Treffe vu begrënnten Entscheedungen a Krisesituatiounen.
  • Flexibilitéit a Disponibilitéit.
  • Führerschäin Klass B.


Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire verlaangt.