Skip to Content
Back to listings

Éducateur diplômé (M/F/D)
Naturcrèche - Dippach - CDI - 30h (6579)

Reference 6579
Organisation Croix-Rouge Luxembourgeoise
Contract type CDI
Hours/week 30h
Function Certified educator
Publication date 2026-06-12
Job description


D‘Lëtzebuerger Rout Kräizstellt an


Een Educateur diplômé (M/F/D) – Referenz : 6579


fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 30 Stonnen/Woch

Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!

Profil :

  • Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“ 
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
  • Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B

Missiounen :

  • Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
  • Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn

Mir bidden Iech : 

  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet


Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.