Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D)
Families First - Bartreng - CDI - 40h (6626)
Reference
6626
Organisation
Croix-Rouge Luxembourgeoise
Contract type
CDI
Hours/week
40h
Function
Intervenant.e psychosocial.e
Publication date
2026-06-12
Job description
D'Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht eng
Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D) – Referenz: 6621
fir säi Service Families First zu Bartreng, mat engem onbefriste Kontrakt (CDI) vu 40 Stonnen pro Woch.
Den Ufank vum Kontrakt ass ab September 2026 virgesinn.
Aufgabebereich:
- Mat Familljen (bei hinnen doheem) schaffen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen.
- De Famillje mat enger wäertschätzender, partizipativer a lösungsorientéierter Haltung begéinen an zesumme mat hinnen den Alldag organiséieren.
- Verschidde Methoden kombinéiere fir Krisen a Konflikter op eng konstruktiv Aart a Weis unzegoen.
- D'Elterekompetenze stäerken duerch Berodung, Uleedungen a praktesch Ënnerstëtzung.
- D'Elterekompetenzen an d'Wuelbefanne vun de Kanner evaluéieren.
- Rapporte verfassen.
Gesichte Profil:
- Diplom um Niveau Bac+3 an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften (Sozialaarbechter, graduéierten Erzéier oder ähnlech).
- Zousätzlech Formatioun an der Kriseninterventioun, systemescher Aarbecht oder Familljetherapie ass erwënscht, mat Kenntnisser vun de verschiddenen Usätz.
- Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun.
- Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten, Oppenheet, Diplomatie an d'Fäegkeet, verschidde Standpunkter mateneen a Aklang ze bréngen.
- Ganz gutt Kenntnisser am Franséischen, Lëtzebuergeschen an Däitschen; all zousätzlech Sprooch ass e Virdeel.
- Gutt Fäegkeete beim Verfaasse vun analytesche Rapporten an Situatiounsevaluatiounen.
- Sécherheet beim Treffe vu begrënnten Entscheedungen a Krisesituatiounen.
- Flexibilitéit a Disponibilitéit.
- Führerschäin Klass B.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire verlaangt.